Streik a Spuenien: Luxair geet vu Retarden, mee net vun Annulatiounen aus
03/04/2026
A Spuenien ass et d'Buedempersonal dat op de Fluchhäfe streike kéint. Betraff si Barcelona, Las Palmas, Palma, Malaga a Valencia.
Vun aktuellen Annulatioune ginn d''Luxair Responsabel net aus. Et kéint awer zu Retarde kommen. Dohier wär et wichteg, datt d'Leit déi aus der Vakanz zréckkommen eng 3 Stonne virum Depart um Fluchhafe wären.
