Thailännesch Police saiséiert 1,6 Tonnen Drogen

07/04/2026

900 Kilogramm Ketamin a 700 Kilogramm Metamphetamin huet déi thailännesch Police op engem Pick-Up-Truck entdeckt. D'Droge waren ënnert Kabes vertoppt.