Anouk Siebenaler, Deborah Ceccacci: "Ausgesat"

30/09/2019

3 Woche laang ass d'Sendung op RTL Tëlee Lëtzebuerg gelaf a goung de leschten Donneschden op en Enn.

Zu 4 waren si a Malaysia, opgedeelt an 2 RTL-Equippen, déi an dësem hinnen onbekannte Land vun Challenge zu Challenge gerannt sinn. Dëst ouni Internet, knappem Budget, megaschwéierem Rucksack a virum allem ouni Plang. D'Anouk Siebenaler an d'Deborah Ceccacci sinn eis Invitéen am Gespréich an erzielen eis och wat een net virun der Kamera gesinn huet.

iTunesSpotify