Christian Kruchten: Ekippe-Puzzle
16/10/2019
Den 19. Oktober ass zu Ell deen zweeten nationalen Championnat am Equipe-Puzzelen zu Lëtzebuerg.
Mam Sekretär vun der Spillfabrik, dem Coorganisateur vun deem Event, ass et ëm d'Puzzelen, an d'Spillen am allgemengen gaangen, a wéi ee selwer Spiller erfënnt. De Christian Kruchten huet schonn e puer Spiller erausbruecht, a weess deemno, wourop et dobäi ukënnt.
