Flavio Gianotte: Zil Tokio 2020
08/11/2019
An eiser Emissioun am Gespréich um Freideg iwwer Sport hate mer des Kéier de Flavio Giannotte tëscht 12.00 an 13.00 Auer op Besuch.
Zum Beispill konnt den Giannotte, deen aus enger richteger Fechtfamill kënnt, virun zwee Joer den aktuellen Olympiagewënner am Degen am Laf vun der Weltmeeschterschaft eliminéieren, oder och nach dëst Joer géint déi aktuell Nummer 1 an der Weltranglëscht gewannen. De Weekend ass an der Coque en internationalen Cadet-Tournoi, ee vun deene gréissten an Europa, wou de Sportler vun der Escrime Sud, sengem Veräin bei der Organisatioun hëlleft. Zil vum Flavio Giannotte selwer ass et, sech fir d'Olympesch Summerspiller d'nächst Joer zu Tokio ze qualifizéieren.
