Paule Kremer: "Ocean's Seven"
21/02/2020
D'Paule Kremer wëll den "Ocean's Seven" Challenge packen.
D'Paule Kremer ass 2017 duerch den Äermelkanal geschwommen. Dat ass eng Mierengt vun de sougenannten „Ocean's Seven“. Bis elo u just 17 Mënschen op der Welt deen d'Challenge gepackt. An dës Aventure ass dat grousst d'Zil vun der Extrem-Schwëmmerin.
An dofir steet elo am August de Catalina Channel um Programm. Iwwer 34 Kilometer geet et vun der Santa Catalina Island eriwwer op Los Angeles.
Wéi gesäit d'Preparatioun op esou een Defis aus a wéi sinn d'Chancen, fir als éischt Lëtzebuergerin d'Ocean's Seven ze packen? Doriwwer hu mir mat der Paule Kremer an der Emissioun „Am Gespréich“ geschwat.
