Marie-Josée Jacobs: Caritas a sozialen Engagement
09/03/2020
20 Joer laang war d'Marie-Josée Jacobs an der Regierung, elo ass si virun allem benevole fir d'Caritas sozial engagéiert.
D'Marie-Josée Jacobs ass och no hirem Depart als Ministesch viru 7 Joer nach ëmmer aktiv a steet mat Häerzblutt fir "Causen" an, déi Hir wichteg sinn.
D'CSV-Politikerin ass Invitée vum Roy Grotz an der Mëttesstonn, wou mer op eng Panoplie vu Sujeten aginn, nieft der Aarbecht fir d'Caritas natierlech eng vue op d'aktuell Politik an d'Racinne vun der Madamm Jacobs am Éislek.
D'Invitée am Gespréich um Méindeg op RTL Radio Lëtzebuerg ass d'Marie-Josée Jacobs, live an Toun a Bild natierlech och op RTL.lu.
