Erny Schumacher: Entretien mat engem Wënzer

11/03/2020

En Interview mam President vun de Privatwënzer.

E Mëttwoch an der Mëttesstonn gi mer alles iwwert d'Aarbecht an de Lëtzebuerger Wéngerte gewuer. Viru 40 Joer huet den Här Schumacher als Wënzer ugefaangen a vun deemools bis haut huet sech nawell vill geännert. Vum Schneide vun de Riewen, iwwer d'Sprëtze bis hin zum Ëmgank mat den Drauwen.

Wéi vill Zäit muss een am Joer investéieren, wat sinn d'Suerge vun de Privatwënzer a wéi gi si mam Klimawandel ëm? Den Expert verréit eis donieft wourunner mer e gudde Wäin erkennen.

iTunesSpotify