iTunesSpotifyRSSApple Share
Am Takt
100% Lëtzebuerger Musek: Neiegkeeten aus der Zeen, Newcomer, Akkustesch Live-Sets, an Interviewe mat den Artiste vun heiheem.
Play

Play episode

Adriano Selva, Yves Desquiotz, Just About, Authentica a Fawldeer
100% Lëtzebuerger Musek: Neiegkeeten aus der Zeen, Newcomer, Akkustesch Live-Sets, an Interviewe mat den Artiste vun heiheem.
Play
08/12/2025 (25m 0s)

Adriano Selva, Yves Desquiotz, Just About, Authentica a Fawldeer

Den Adriano Selva huet en nei Lidd dobaussen, eng Rocklab Session vun Just About an Authentica steet un an et gëtt nei Chrëschtmusek vum Yves & Guy.
Play
01/12/2025 (17m 43s)

Am Takt: Oceiros, Joel Marques, Larry Bonifas

Et gëtt nei Musek vum Oceiros, Joel Marques a Larry Bonifas.
Play
24/11/2025

Am Takt: Between Shelves & Myura

Mat BETWEEN SHELVES déi Loscht op hire Release Concert Loscht gemaach hunn a MYURA bei deenen de Begrëff SUPERGROUP mol guer net sou falsch ass.
Play
10/11/2025 (12m 47s)

Am Takt: Andrea Galetti

Vun den 3 Talenter aus dem Grand-Duché huet nëmmen Eent d'Battles bei The Voice of Germany iwwerstanen. D'lescht Woch konnt sech den Andrea Galetti mat "Jet - Are You Gonna Be My Girl" duerchsetzen an ass dann elo bei den Teamfights dobäi.
Play
27/10/2025 (14m 39s)

Am Takt: Ptolemea, L’Éphémère a Blue-ish

Ptolemea, de Projet ronderëm d’Sängerin Priscila Da Costa, bréngt mat hirem neien Album “Kali” eng Mëschung aus alternative Rock a Spiritualitéit op d’Bün. Nieft hinnen trëtt den Duo L’Éphémère mat hirer éischten EP “Résilience” an der Kulturfabrik op. D’Elise Nunes an de Steve Richer schafen eng melancholesch Welt, wou et ëm d’Akzeptanz, d’Verloscht an d’Hoffnung geet. Blue-ish, eng jonk Singer-Songwriterin mat franséisch-däitsche Wuerzelen, sie huet 2024 de Screaming Fields-Concours gewonnen an ass haut den Owend och an der Emissioun am Takt mat dobäi.
Play
20/10/2025 (7m 15s)

Am Takt: Tanja June

Dës Kéier vill nei Musek an d'Tanja June am Interview.
Play
06/10/2025 (16m 13s)

Am Takt: Luciana, Artists for Mental Health & Marcy

Dës Kéier mat e bëssen The Voice of Germany, enger Kënschtlerin déi e bëssen enttäuscht war datt aus dem Concert fir den Trounwiessel näischt ginn ass an engem Concert fir déi mental Gesondheet.
Play
29/09/2025 (19m 6s)

Am Takt: Go By Brooks, Alfalfa, an den Hoffi Zambezi!

Go By Brooks waren am Studio, Alfalfa triede beim Trounwiessel op, an den Hoffi Zambezi hëlt den Trounwiessel als Ulass fir eng nei Single!
Play
22/09/2025 (21m 35s)

Am Takt: The Cookies, Fontana, Lata Gouveia, S.K.O.R. an Der Däiwel

The Cookies feiere mat eis Avant-Premiere, de Fontana presentéiert seng nei EP "Essenz" a Kollaboratioun mam T-Way, de Lata Gouveia wiesselt de Stil, a S.K.O.R. setze sech an hirem Lidd "Encore un tour" mat der Pensiounsreform auserneen.
Play
15/09/2025 (18m 20s)

Am Takt: Andrea Galleti & Nicool

Am 2. Episod fir dës Saison war et um Nicool an um Andrea Galleti. D'Nicool huet mam Luca Sales den Album "Liewen" gemaach an den Andrea probéiert sech bei The Voice of Germany.
Play
08/09/2025 (25m 38s)

Am Takt: The Young Souls, Daniel Balthasar & Pilot Light

D'Sendung mat 100% Lëtzebuerger Musek ass zeréck. Méindes Owes heescht et erëm AM TAKT um Radio. An de Studio war gutt gefëllt; mat dobäi The Young Souls, den Daniel Balthasar a Pilot Light.