Episod 8 - Picnic

E Picnic ass eng flott Geleënheet, fir sech dobaussen ze treffen an dobäi och nach eppes Guddes ze iessen. D'Anne preparéiert eis an dëser Episod e Picnic!

D‘Wieder an England ass zwar meeschtens net sou super, mä soubal d'Sonn rauskënnt trefft sech jiddereen am Park fir ze picknicken. Ech maachen dës Kéier einfach Sausage Rolls, en klasseschen Victoria Sponge Cake an och de Must Drink fir all Picnic: Pimm's.