Xmas-Special
D'Anne preparéiert sech op Chrëschtdag a proposéiert Iech säi Menu fir d'Feierdeeg!
Chrëschtdag ass fir mech déi schéinsten Zäit vum Joer an ech freeë mech ëmmer mäin Xmas-Dinner ze kachen. Bei mir gëtt et dëst Joer en Turkey Wellington mat Cranberry Sauce a Sweet Potato Purée. Als Dessert machen ech en Twist op déi klassesch Bûche de Noel: eng Meringue Roulade mat Marronscrème. Dotëscht sinn ech zu London ënnerwee, wou d'Chrëschtdaagsatmosphär voll ze spieren ass.