Episod 1 - Welcome to Bangkok

Meng Asien-Aventurë gi lass an enger vu mengen absolute Lieblingsstied: Bangkok. Néierens op der Welt gëtt et eng Plaz, wou ee, souvill Streetfood fënnt wéi hei

An dëser Episode huelen ech iech mat op een vun mengen Lieblingsmärt fir authentesch Streetfood Snacks z’iessen. Et geet an e Michelin-Stär Restaurant deen Jorhonnerten-Aal Thai Rezepter rëm nei opliewen léist. An ech landen am bekanntesten Streetfood Restaurant vun Bangkok an dierf do beim kachen nokucken.