Episod 8: Curry Gougèren

D’Anne mécht all Joers tëscht de Feierdeeg eng grouss Xmas Party, an do muss hat ëmmer Tonnen Fingerfood preparéieren.

Een vun sengen absolutten Go-to Rezepter sinn des Kéis Gougèren, an d’Anne mécht se haut mat engem ganz speziellen Touch.

Curry Gougèren

Mécht 60 Gougèren – Preparatioun: 40 Min – Schäffchen: 25 Min

125ml Vollmëllech
125ml Waasser
100g Botter
1 Téiläffel Salz
140g Miel
2 Téiläffel Currypolver
4 Eeër
120g Cheddar, gerappt
Peffer

Fir ze besträichen:
1 Ee
e bëssi ‘Everything Bagel’ Gewürz

Fir d’Everything Bagel Gewürz:
1 Téiläffel Mohn
1 ½ Téiläffel Sesamkären
1 ½ Téiläffel schwaarz Sesamkären
1 Téiläffel gedréchent Knuewelecksflacken
1 Téiläffel gedréchent Ënnepolver
½ Téiläffel Salz
Peffer

De Schäffchen op 170°C Umluft erhëtzen.

D’Mëllech, Waasser, Botter a Salz an eng Kasseroll ginn an opkachen. D’Miel mam Currypolver vermëschen an an engem Coup bei d’Mëllech derbäi schëdden, dobäi fest réieren fir dass en Deeg entsteet.

D’Kasserolle vun der Kachplack huelen an en Ee derbäi ginn, da gutt fest réieren fir dass d’Ee komplett am Deeg verschafft ass. Am Ufank gesäit et sou aus wéi wann et net géif zesummekommen, mee wann ee laang a fest réiert geet et. Mat den 3 weideren Eeër sou weiderfueren, an dotëscht ëmmer gutt réieren.

Wa bis all d’Eeër veraarbecht sinn, de Kéis ënnert den Deeg réieren an e bëssi Peffer derbäiginn.

Den Deeg an en Sprëtzbeutel ginn an kleng Kéipercher vun 3cm op en Bakblech mat Bakpabeier sprëtzen.

D’Everything Bagel Gewürz maachen andeems een all d’Ingredienten an enger klenger Schossel vermëscht.

D’Ee verquirlen an d’Gougèren domat besträichen, dann mat Everything Bagel Gewürz bestreeën.

D’Gougèren 25 Minutten am virgeheitzten Schäffchen baken.

Se ginn am beschten waarm zerwéiert.

TIP: Dir kennt d’Gougèren gutt afréieren an virum zerwéieren rëm am Schäffchen opwiermen.