Europadeputéiert: De Marc Angel

Mir hunn den Alldag vun Europadeputéierten tëscht Lëtzebuerg, Bréissel a Stroossbuerg kennegeléiert a se am Europaparlament begleet.

D'Parlament zu Stroossbuerg ass déi gréisste parlamentaresch Versammlung op der Welt, déi vun der Allgemengheet gewielt gouf.

Ënnert deene 705 Membere vum europäesche Parlament, ginn et 6 Lëtzebuerger Fraen a Männer mat ënnerschiddlechen Hannergrënn a Meenungen, déi awer all gewielt goufen, fir d'Visioun vun Europa ze vertrieden a mat enger Gesellschaft mat 447 Milliounen Awunner eng Zukunft ze gestalten.

Mir hunn hiren Alldag tëscht Lëtzebuerg , Bréissel a Stroossbuerg kennegeléiert an hu se an d'Europaparlament begleet. Dës Episod léiere mir de Marc Angel kennen.