Europadeputéiert: Christophe Hansen
An eiser Serie Europadeputéiert zu Stroossbuerg huele mer iech an der véierter Episod mat bei de Christophe Hansen.
Ee vun de jéngsten Deputéierten, dee viru 15 Joer als parlamentareschen Assistent op der Säit vum Astrid Lulling geschafft huet. Wéi gesäit säin Alldag aus? Wéi kritt een an esou enger Funktioun d'Privat an d'Beruffsliewen ënner een Hutt? An dëser Serie verrode mer iech et.