Automag: Jaguar I-Pace
26/09/2018

Mam I-Pace presentéiert Jaguar säin éischten Elektromodell. Et ass e Crossover, eng Mëschung tëschent klassescher Limousine an SUV. Fir den Undriff suergen zwee Motoren à 200 Päerd. Jaguar versprécht eng Autonomie vu 450 Kilometer. De Serge Pauly huet den éischten Elektro-Jaguar getest.
