Automag: Oltimer Dag Lëtzebuerg
18/09/2019

Dëse Sonndeg ass hei zu Lëtzebuerg den offiziellen Oldtimer Dag, an do gëtt et déi Kéier e ganz besonnesche Bonbon fir Proprietären an d‘Frënn vun alen Autoen.En Hommage un de Grand-Prix de Luxembourg, organiséiert vum British Sportscar Owners Club, ënnert dem Patronage vum Lëtzebuerger Automobil Club.De Christian Schmit huet sech am Virfeld mam Goy Feltes doriwwer ënnerhal.
