Automag: Mercedes-Benz CLA Plug-In Hybrid
19/04/2021

Mam CLA schléit Mercedes d’Bréck tëscht der A- an der C-Klass. An zanter Kuerzem sinn de Coupé an de Shooting Brake och als Plug-In Hybrid ze kréien. Ob et dobäi just drëms gaangen ass e Lach an der Gamme opzefëllen, oder ob déi nei Motorisatioun Sënn mecht huet den Akim Schmit aus der Automag-Equipe probéiert erauszefannen.
