Saurer Museum zu Arbon an der Schwäiz
27/12/2021

Am Automag geet et just virum Joreswiessel an d'Schwäiz. Am Industrie Zäitalter goufen do ganz erfollegräich Camion'en a Busse vun der Mark Saurer gebaut.
Zu Arbon op der Schwäizer Säit vum Bodensee do ass et e Musée deen heirun erënnert.
De Christian Schmit war am Hierscht do op Besuch.
