Automag: 50 Joër Golf GTI

26/02/2026
Automag: 50 Joër Golf GTI
Play

Zweet Jugend oder de Blues…?

1976 huet VW den éischte GTI an de Showroom gestallt an domat Generatioune vu jonken - a jonk bliwwenen - Automobilisten de Kapp verdréint. Vill Leeschtung – mir schwätze vun 110 Päerd - an eng ausgepräägte Fuerdynamik hunn de GTI berüümt a beléift gemaach. Déi dräi Buschtawe si Kult.