Automag: Neit Joer mat Luxtram
02/01/2017

Am Automag geet et ëm Neijoschwënsch. 2017 ass dat Joer wou den Tram nees wäert duerch eis Stad rullen. De Christian Schmit, dee fir den éischten Automag vum Joer ëmmer e Personnage am Interview huet, war dëser Deeg beim André von der Marck passéiert. Dat ass den Direkter vun "Luxtram" déi den Tram exploitéieren.
