Automag: Jaguar F-Pace
23/01/2017

Och Jaguar kënnt net laanscht den SUV-Trend. De Pascal Becker huet de Won fir eis auserneegepléckt an ass zur Konklusioun komm, dass a puncto Optik a Fuerspaass scho bei dësem éischte Modell villes richteg gemaach ginn ass. Den F-Pace huet awer och seng Schwächten, ënnert anerem bannen dran.
