Automag: Boom E-Cruiser
04/02/2017

Mëttlerweil gëtt net nëmmen den Auto, Vëlo oder Moto elektresch ugedriwwen, mä och Camionetten, Busser, Camionen ... an Triken. Den Trike ass e besonnesch raren Artikel op eise Stroossen. De Boom E-Cruiser hat seng Première um Salon Mondial de l’Auto zu Paräis a kënnt elo fir d’Fréijoer op d’Strooss.
