Automag News
15/01/2018

An der Lëtzebuerger Autosbranche leeft de Countdown. Nach 12 Deeg, da fänkt den Autofestival un. Deen Ament wäerten erëm vill Neiegkeeten am Showroom stoen. Kee Wonner also, dass eis Autojournalisten am Moment vill nei Modeller probéieren ze kréien. Dorënner de Renault Espace an den 1ter BMW mat engem neie Motor an de Facelift vum Peugeot 308. De Serge Pauly huet se allen dräi getest: