Automag: 8er BMW
13/03/2019

BMW bréngt mam 8er en neie Sportcoupé eraus. Den Nofolger vum 6er gesäit net nëmme méi elegant aus, e soll och méi sportlech sinn. Den 8er wëllt Porsche 911, AMG GT an AstonMartin Vantage an d'Viséier huelen. De Serge Pauly huet déi Sportlechkeet net gespuert, mä ass awer zimlech vum M850i begeeschtert.