Automag: BMW Z4
05/06/2019

De BMW Z4 ass erëm e richtege Roadster! Dat fänkt mam Daach un. Do wou de Virgänger nach e feste Klappdaach hat, kënnt deen neien Z4 erëm mat engem traditionelle Stoffdaach. An och op der Strooss kann den Z4 als authentesche Roadster iwwerzeegen. D'Freed um Fuere kënnt definitiv net méi ze kuerz. De Serge Pauly huet den Z4 30i probéiert.