Automag: Audi A3 Sportback
01/10/2020

Am Automag vun haut schwätze mer iwwert déi 4. Generatioun vun engem Auto, deen net nëmmen zu Lëtzebuerg gutt bei de Leit ukënnt. Ugefaangen hat et 1996, wéi Audi eng éischte Kéier den Audi A3 op de Marché bruecht huet. Zanterhir war et eng regelrecht Erfollegstory. Fir iwwert déi neiste Generatioun mat eis ze schwätzen, ass den Andy bei eis am Studio.