Automag: Skoda Superb i.V.
12/10/2020

E Skoda an der Uewerklass – deemools wéi et nach ee verlängerte Passat war, gouf doriwwer geschmunzelt. Elo ass de Superb ee Konkurrent, dee roueg kann eescht geholl ginn. Zemools mat der neier Hybrid-Versioun ass eng nei an zäitgeméiss Motorisatioun dobäi koum. De Paul Origer seet eis wéi sech déi am Alldag fiert.