Trans Afrika Projet mam Camper
15/09/2022

Och dëst Joer war de Caravan Salon zu Düsseldorf nees e vollen Erfolleg. Do begéint e nieft de Nouveautéiten och Leit déi sech mat hirer Wunneng op 2 Achse méi traue wéi just en Tierchen an d’Vogesen oder an de Schwarzwald.
E Mann dee scho ganz vill vun der Welt mam Camper gesinn huet, ass de Kostya Abert.
An deen, a seng spektakulär Rees Destinatiounen, stellt de Christian Schmit eis elo vir.