Automag: Kia EV9 Fuertest
04/12/2023

Kia start eng grouss Elektro-Offensiv. An e puer Joer wëlle si ee vun den Haapt-Player an der E-Mobilitéit sinn, bis 2025 sollen dofir nach op d’mannst 3 nei Modeller kommen. Virgestallt gouf elo d’Flaggschëff EV9 – no 2 stateschen Optrëtter konnt de Paul Origer dee groussen Elektro-SUV op der Virstellung zu St Tropez endlech fueren.