19. De Volker Kutscher, Auteur vun de Gereon Rath Romaner

02/02/2023
19. De Volker Kutscher, Auteur vun de Gereon Rath Romaner
Play

Dem Volker Kutscher seng Krimiserie ass d'Romanvirlag fir d'ARD Kultserie "Babylon Berlin"

Zënter 2017 leeft d'Krimi-Serie Babylon Berlin op der ARD an ass mëttelweil scho richteg Kult ginn. D'Tele-Serie baséiert op de Romaner vum Volker Kutscher.
De Kommissar Gereon Rath léist am Berlin vun den 1920er an 1930er Joren Mordfäll op.

Mat "Transatlantik" ass viru kuerzem den 9te Band vun der Serie erauskomm, an den Auteur Volker Kutscher ass en Dënschdeg 7te Februar 2023 an der Cité Bibliothéik an der Stad op Besuch. Grond genuch fir eis RTL-BicherLieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip fir sech duerch seng Bicher ze schmökeren an natierlech och en Interview mam Volker Kutscher ze maachen.

A wann Dir elo virwëtzeg sidd an Iech e bësse méi erziele loosse wëllt, da kënnt Dir Iech fir d'Liesung mam Volker Kutscher umellen, am beschte per Mail op bibliotheque@vdl.lu. D'Evenement gëtt vum Institut Pierre Werner an Zesummenaarbecht mat der Cité Bibliothéik organiséiert.

iTunesSpotify