29. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Tomas Bjørnstad (Nico Helminger)

An dëser Episode vun der RTL BicherLies hunn d'Bea Kneip an de Jérôme Jaminet eigentlech 2 Invitéeën: Den Nico Helminger a säin Heteronym Tomas Bjørnstad
2018 ass de Gedichtband "Fjorde" erauskomm, geschriwwen vun engem gewëssen Tomas Bjørnstad, engem bis dato onbekannten Auteur mat norwegesche Wuerzelen. Eréischt no 4 Joer an zwee weidere Bicher gouf bekannt dass den Tomas Bjørnstad en Heteronym vum Nico Helminger ass. (En Heteronym ass eng Form vu Pseudonym, an der net just e fiktiven Numm, mä eng ganz Schrëftstellerperséinlechkeet mat enger eegener fiktiver Biografie geschafe gëtt)
Säin neitstent Buch "Die Verlorenen" ass e Roadmovie, d'Dréibuch vun engem Film Noir an dem zwee Optragskiller, déi och nach op deeselwechte Virnumm (Roy) lauschteren, sech op der Sich no hirem Affer durch d'Paräisser Banlieue schloen woubäi se fläisseg Gin becheren an och schon emol en Ëmwee iwwer Disneyland a Kaf huelen. Begleet gi se vu Mierschwéngercher déi dann och nach d'Haaptroll an engem Mäerche spillen...Am Interview erzielt den Nico Helminger wéi d'Figur vum Tomas Bjørnstad eigentlech entstanen ass. Ausserdem geet et ëm onerwaarte Begéignungen, verschwonne Buchstawen an natierlech...ëm Mierschwéngercher.