Am Kräizverhéier: D'Schrëftstellerin Kerstin Medinger

An hirem neie Roman "Le Secret de Tadi" geet et op eng abenteuerlech Rees duerch d'USA op der Spuer vun engem Geheimnis
Am neisten Episod vun der RTL BicherLies huelen de Jérôme an d'Bea nees eng Autorin an d'Kräizverhéier. Mat hirem éischte Roman "Le départ" hat d'Kerstin Medinger et direkt op d'Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis gepackt. Déi fënnef ongläich Personnagen déi sech deemools op enger improviséierter Rees duerch Frankräich a Spuenien kennegeléiert haten, begéinen sech an hirem neie Roman "Le secret de Tadi" erëm, an dës Kéier féiert hire Wee si op déi aner Säit vum grousse Pull. Am Interview erzielt d'Kerstin Medinger wéi si sech mat 9 Joer fir d'éischte Kéier un d'Schreiwe ginn huet, wat d'Wierk vum Miguel de Cervantes fir si bedeit a wéi eng Rees a Latäinamerika en entscheedenden Afloss op hiert Liewen an hiert Schreiwen hat.
"Le départ" an "Le secret de Tadi" sinn allebéid bei den éditions Phi erauskomm.