33. Weltbibliothéik: Zäitgenëssesch eedgenëssesch

Nei Literatur aus der Schwäiz
Max Frisch, Friedrich Dürrenmatt, Jean-Jacques Rousseau oder Madame de Staël, dat sinn déi Klassiker déi engem direkt an de Sënn kommen wann een un d'Schwäiz denkt. Mä et ginn och eng ganz Rëtsch zäitgenëssesch Auteuren déi een op kee Fall verpasse sollt! E Christian Kracht oder e Joël Dicker gehéiere ganz sécher dozou, de Jérôme an d'Bea hunn awer nach e puer aner eedgenëssesch Buchtipps fir Iech parat. Sozialkritesch, historesch oder léiwer skurril a witzeg? Dir hutt d'Wiel!
Iwwer dës Bicher diskutéieren de Jérôme an d'Bea:
Sarah Elena Müller – "Bild ohne Mädchen" (de 6te Mee 2025 zu Lëtzebuerg!)*
Fabio Andina – "Sechzehn Monate" (Iwwersetzung aus dem Italieneeschen)
Joël Dicker – "Un animal sauvage" (Ein ungezähmtes Tier)
Joël Dicker - "La très catastrophique visite du zoo"
Christian Kracht – "Air"
Joseph Incardona – "Stella et l’Amérique"
Jonas Lüscher – "Kraft"
Jonas Lüscher - "Verzauberte Vorbestimmung"
Buchtipps fir méi iwwert d’Schwäiz an hir Literatur gewuer ze ginn
"99 Beste Schweizer Bücher. Literarische Coups de Coeur".
"20/21 Synchron – Ein Lesebuch zur Literatur der mehrsprachigen Schweiz von 1920 bis 2020"
Peter von Matt – "Das Kalb vor der Gotthardpost" / "Die tintenblauen Eidgenossen"
*Schwäizer Literatur live erliewen, dat kënnt Dir en Dënschdeg 6te Mee 2025 an der Lëtzebuerg City Bibliothèque! Déi Schwäizer Schrëftstellerin Sarah Elena Müller diskutéiert am Kader vun der Veranstaltungsrei „Literatur über Kreuz – literarische Freundschaften zwischen der Schweiz und Luxemburg“ mam Lëtzebuerger Schrëftsteller Luc François. Den Entrée ass fräi, umelle kann een sech iwwer Telefon 4796-2732 oder per Mail: bibliotheque-events@vdl.lu