Michel Maquil: Bankservicer solle fir all Gesellschaftsschichten zougänglech sinn

06/12/2021
Michel Maquil: Bankservicer solle fir all Gesellschaftsschichten zougänglech sinn
Play

Wann eng Persoun, déi sech wëllt selbststänneg maachen oder hir bestoend Aktivitéit wëllt ausbauen a keng Garantië ka bidden, da kritt se kee Kredit vun enger traditioneller Bank. Dat ass schwéier verständlech. Den Auteur vun dëser Carte Blanche erkläert, wéi et trotzdeem méiglech ass ee Wee ze fannen, fir et esou enger Persoun ze erméiglechen zu Kredit ze kommen. Domadder soll virun allem de klengen Entreprenariat erméiglecht a gefërdert ginn.