Marc Glesener: Keng Fräiheet ouni Grenzen
14/01/2022

A senger "Carte blanche" mécht sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder ënnert anerem am Spidolssecteur a laangjärege politesche Journalist, Gedanken iwwer d’Impfgéigner an de Begrëff Fräiheet. Fräiheet ouni Grenze gëtt et net, esou de Marc Glesener, dee fir méi Mateneen an der Gesellschaft plädéiert.
