Sylvain Hoffmann: Giel Kaart fir Lëtzebuerg vun der Europäescher Kommissioun
10/01/2025

Zënter Jore weisen déi sozial Indicateuren zu Lëtzebuerg an déi falsch Richtung. Wärenddeem mer wirtschaftlech gesi global gutt do stinn, si mer, wat de soziale Volet betrëfft, héchstens nach Mëttelmooss an Europa, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.