Sylvain Hoffmann: Eng neoliberal Pensiounsreform wéi se am Buch steet
16/06/2025

D'Pensiounsreform, sou wéi se lo vun der Regierung annoncéiert ass, ass schonn e komescht Konstrukt. Si ass ideologesch orientéiert an et mierkt een, dass et just drëm geet, fir Kotisatiounserhéijungen ze verhënneren, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.