Sylvain Hoffmann: Matenee wuessen, mee leider net jiddereen am selwechten Tempo
15/10/2025

Den Dépôt vum Staatsbudget ass all Joer d’Geleeënheet fir de Point ze maachen iwwert déi ekonomesch a budgetär Situatioun zu Lëtzebuerg. Mir dierfen do awer net déi sozial Situatioun aus den Ae verléieren an do stellt ee fest, dass de Budget net der sozial beonrouegender Situatioun zu Lëtzebuerg gerecht gëtt, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.