Anne-Marie Hanff: Bachelor fir d‘Infirmieren: Wie wëll, dee kann!
20/11/2019

Viru 25 Joer gouf déi éischte Kéier eng Formatioun op Héichschoulniveau fir d'Infirmièren an Infirmieren zu Lëtzebuerg recommandéiert. Emgesat gouf des Recommandatioun nach net. D’Anne-Marie Hanff, Fleegewëssenschaftlerin an d’Presidentin vum Beruffsverband vun den Infirmièren an Infirmieren, kuerz ANIL, huet dem Spill nogekuckt an iwwerluecht, bei wiem de Ball elo läit.
