Francis Schartz*: Nohalteg Wënsch fir 2020
15/01/2020

De Francis Schartz wënscht eis a besonnesch eisen Enkelkanner ee Joer 2020, an deem d’nohalteg Entwécklung eescht geholl gëtt. Hie wënscht eis Politiker, déi wësse wat si wëllen an déi de Courage hunn, déi noutwendeg Gesetzer ze maachen, och wa se riskéieren net esou populär ze sinn. Francis Schartz, pensionéierte Lycéesdirekter an Dokter an den Ëmweltwëssenschaften.
