Anne-Marie Hanff: D'Kompetenz ze wëssen, wat mir net wëssen

12/09/2022
Anne-Marie Hanff: D'Kompetenz ze wëssen, wat mir net wëssen
Play

Am Buch vum Organisatiounspsycholgue Adam Grant mam Titel „Think again. The power of knowing what you don't know" betount hien d'Wichtegkeet dovun, eis Meenungen och mol z'iwwerdenken. Esou en „wëssenschaftlecht Denken", sou schreift hien, kann eis hëllefen, nei Léisunge fir al Problemer ze fannen. Wat dëst mam Infirmiersberuff ze dinn huet, weist d'Anne-Marie Hanff, Infirmière an Doktorantin an der Fleegewëssenschaft.