Anne Brasseur: Solidaritéit a Responsabilitéit
26/09/2022

An de leschte Joren a Méint hu sech d'Krisen iwwerschloen: D'Klima-Kris, d'Corona-Kris, de Krich an der Ukrain, d'Energie-Kris, d'Wirtschaftskris an d'Präisdeierecht. Alles Krisen, déi nach laang wäerten undaueren. Grad elo heescht et dofir Responsabilitéit z'iwwerhuelen a solidaresch ze sinn, seet d'Anne Brasseur, fréier DP-Vizepresidentin.
