Laura Zuccoli: En Immigratiounsgesetz am Déngscht vu Mënsch an Ekonomie
17/10/2022

Millioune Mënsche si weltwäit op der Flucht viru Verfolgung, Krich oder dramatesche Klimaverännerungen. Eis Entreprisë beschwéiere sech, datt si vill Schwieregkeeten hunn, Personal ze fannen. Deenen zwee kéint mat enger Vereinfachung vun eisem Immigratiounsgesetz gehollef ginn.
