Anne Brasseur: Sport ass méi wéi Rekorder ze briechen
06/11/2025

"Fake News!", dat war mäin éischte Gedanken, wéi ech dëser Deeg gelies hunn, datt an den USA solle Sportskompetitioune stattfannen, bei deenen Dopping net nëmmen erlaabt, mee esouguer ënnerstëtzt gëtt. Net ze gleewen, mee dach wouer. D’Organisateure vun de sougenannten "enhanced games" soen, dass d'Athlete kéinte mat hirem Kierper maachen, wat se wëllen.
