De Christian Ewen, Chef vum Mount Mee 2022

02/05/2022

De Christian Ewen, Chef vum Restaurant "Château de Clervaux" zu Klierf, preparéiert ee Rezept wat aus Skandinavien staamt.

Saumon Gravlax mat Spargelszalot a Vinaigrette "Xérès"

Gravlax vum Saumon
500g Saumon mat Haut
100g grafft Salz
50g Zocker (Sucre de Canne)
1 Orange
1 Zitroun
10g Korianderkären
10g Dëll
10g rosa Pefferkären
1 Neelcheskapp

Xérèsesseg
1 gielt vum Ee
50ml Xérèsesseg
300ml Sonneblummenueleg
75ml Ram
1 gehackte Schalott
Salz, Peffer

Spargelszalot
1 Bott wäiss Spargelen
1 Bott gréng Spargelen
½ Bott Kierwel
Salz

Fir d’Presentatioun
Kierwelueleg
100 ml Drauwekärenueleg
1/2 Bott Kierwel
Spargelsschipsen
Gereechert Hierkeneeër
Forelleneeër
E puer Réidercher, a Scheiwe geschnidden

Gravlax staamt aus Skandinavien, also gi mir logesch no Norden fir eng subtil Harmonie ze sichen. Mir proposéieren en equilibréierten Accord zweschend Fett an Aciditéit.
Zitrusfrüchte, Koriander, rosa Pefferkären a Sherry Vinaigrette si mächteg Elementer.

Riesling Vom Blauen Schiefer 2020 Weingut Clemens Buch
Biodynamesch
Präis: 22,91€ TTC
https://www.wengler.lu/product/riesling-vom-blauen-schiefer/

En equilibréiert Accord, dësen Riesling mat Zitrusnouten ass lieweg mat enger verréckter Energie. En huet alles fir mat engem Plat vun dëser Kraaft ëmzegoen.