Valerian Prade & Caroline Esch, Cheffe vum Mount September

05/09/2022

De Valerian Prade an d'Caroline Esch, d'Cheffe vum Restaurant "Eden Rose" vu Kayl, proposéieren Iech een Tiermchen aus gëllenen Äppel fir doheem no ze kachen!

Äppelkuch mat gréngem Kardamom a Karamell mat Fleur de Sel
Ingrediente fir 2 Kuchen
2 Äppel - Pink Lady
1 Bliederdeeg ouni Gluten
2 Eegiel
e ganz e bëssen Zocker
e ganze e bësse grénge Kardamom
Fir de Karamell:
100g Zocker
100g Ram
e ganz e bësse Fleur de Sel

1. Schrëtt

Schielt d'Äppel a schneit se an 3 mm déck Sträifen.

D'Äppel an engem Sirop mat gréngem Kardamom e puer Minutte laang pochéieren (100g Waasser / 100g Zocker).

D'Äppel op engem Bakblech ofkille loossen.

2. Schrëtt

Präparéiert de Mille feuille Deeg mam grénge Kardamompolfer tëschent all Couche.

An de Bliederdeeg awéckelen.

7 Minutte bei 200 Grad baken.

3. Schrëtt

Aus 100g Waasser an 100g Zocker de Karamell maachen. Maacht 100g flëssege Ram an e ganz e bësse Fleur de Sel dobäi.

Killt de Karamell of.

Leschte Schrëtt:

Presentéiert de Plat um Teller andeem Dir de Kuch an zwee Hallschenten duerchschneit. De Karamell an enger Kasseroll halen.

Wäintipp

MUSCAT DU CAP CORSE Antoine Arena 2017
Den „Muscat du Cap Corse“ ass en natierleche, séisse Wäin aus Muscat, hei vinifizéiert vum Antoine Arena, dem legendäre korsikanesche Domän, e Pionéier am Wäibau an der Vinifikatioun ouni Chemikalien. Dëse korsikanesche Muscat ass aussergewéinlech aromatesch (ouni ze schwéier ze sinn). Seng Zockerkonzentratioun, seng Ronnheet a seng Persistenz passt perfekt zu der Generositéit vun der Äppeltaart a sengem salzege Botter-karamell.
Zertifiéierten Bio-Domän.
31,94 € TTC