Jérémmy Parjouet, Chef vum Mount Dezember 2022

05/12/2022

De Jérémmy Parjouet, Chef vum Restaurant "Jardins d'Anaïs" aus der Stad, proposéiert Saint-Jacquen, eesäiteg gekacht an dann an Nësswäi gedëmpt.

Saint-Jacquen, eesäiteg gekacht an dann an Nësswäi gedëmpt.
Réi a gekachten Andéiwen, crèmeg Zooss.

fir 4 Persounen

12 Coquilles de St Jacques
4 Andéiwen
500 g Nëss
2 dl Héngerjus (Héngerbritt)
1 dl Ram
50 g gewäsche Champignonen
2 geschielt Schallotten
50 cl Wäisswäin
50 g Botter
150 g Comté
Nëssueleg, ee gudde Wäin- oder Schallottenesseg
Kachueleg (Oliven- oder Sonneblummenueleg), Salz, Piment d'Espelette (Chilli), Zocker.

Sauvignon Blanc Réserve 2018
Domaine Ciringa
Slovénie/ Štajerska

Am Joer 2004 huet d'Wënzerfamill Tement den sloweneschen Domaine Ciringa gegrënnt, direkt nieft hierem éisträicheschen Domain Tement an hirem bekanntste Wéngert, Zieregg. Dës Cuvée Reserve kënnt aus dem ganz grousse Joergang 2018 an de beschte Parcellen vum Wéngert. Intens a equilibréiert mat Notizen vu Biren a Flint, seng fein Batterkeet passt perfekt op d’Noix de Saint-Jacques.

Zertifizéierten biologeschen Domain.
24,80 € Tvac