Home
Shows
Podcasts
Live
Dräi Jonk. Eng vill ze laang Nuecht. Eng Wett déi se net wäerte vergiessen.
Play episode
Episod 1 - Prost (1. Deel)
Dräi Jonk. Eng vill ze laang Nuecht. Eng Wett déi se net wäerte vergiessen.
Episodes
Related
11m 53s
Episod 1 - Prost (1. Deel)
D'Sophie, de Pit an de Saack erwächen no enger laanger Nuecht an et ass näischt méi esou wéi et war.
12m 5s
Episod 1 - Prost (2. Deel)
Eng nei Matbewunnerin, roude Lëppestëft, e komeschen Typ an der Bidden, e Video op Facebook an en décke Kapp sinn nëmmen déi éischt Nowierkungen.
12m 48s
Episod 2 - Retour (1. Deel)
Elo wunnt d'Sophie mat de Jongen, wat fir de Saack net einfach ass. D'Sophie an de Saack mussen awer eens ginn, fir de Ronny erëmzefannen.
11m 11s
Episod 2 - Retour (2. Deel)
Sengersäits soll de Pit sech op der Uni aschreiwen, mä hie weess nach ëmmer net wat hie maache wëll.
11m 47s
Episod 3 - Vollt Haus (1. Deel)
De Saack huet e Problem, hie wollt d'Fra vum Liewen op en Iessen invitéiere mä elo stinn seng Exë vrun der Dier. De Pit soll him hëllefen, mä ass iwwerfuerdert.
12m 11s
Episod 3 - Vollt Haus (2. Deel)
D'Sophie ass generft: d'Männer léien all an de Ronny wëll bei der Wett net matmaachen.
12m 5s
Episod 4 - Wien ass hei de Boss? (1. Deel)
De Pit mécht alles fir bei der Hochzäit vum Prënz Guillaume derbäi ze si mä et klappt net. D’Sophie verzweiwelt um Ronny an sicht sech een neie „Ronny“.
11m 24s
Episod 4 - Wien ass hei de Boss? (2. Deel)
De Saack muss bei d'Anonym Spilleresch Wetter wann hien net wëllt vun der Wett ausgeschloss ginn.
10m 31s
Episod 5 - Wéi ech deng Mamm begéint hunn (1. Deel)
De Saack huet erëm d'Fra vum Liewe verluer. D'Sophie well him hëllefen dat ze vermeiden mä fir d'éischt gëtt de Ronny fir de SECS ageschriwwen.
14m 38s
Episod 5 - Wéi ech deng Mamm begéint hunn (2. Deel)
De fréiere Star ass faszinéiert vun der „neier“ Botzfra. De Pit verbréngt säin éischten Dag an der stresseger SSS.
11m 34s
Episod 6 - Gehemmten Entwécklung (1. Deel)
De Saack huet ee Problem: d'Frae stinn all op hien, sou fënnt hien ni d'Fra vum Liewen. De Pit huet se scho laang fonnt: d'Sophie!
12m 31s
Episod 6 - Gehemmten Entwécklung (2. Deel)
D’Sophie ass mam Felix beschäftegt deen eng nei Frëndin huet. De Ronny soll prouwen, mä dat interesséiert hien net.
12m 22s
Episod 7 - Zwee an en hallwe Mann (1. Deel)
De Saack huet de Ronny héiere gutt spillen mä et gleeft keen him. De Ronny ass iwwerzeegt dass et un der Gittar läit.
12m 37s
Episod 7 - Zwee an en hallwe Mann (2. Deel)
D’Sophie verléisst d'Team Ronny, mä de Pit an d’Sam hunn eng Iddi fir him d’Aen opzemaachen.
11m 3s
Episod 8 - All an der Famill (1. Deel)
De Saack ass rosen well d'Mary net bereet ass de Schluss vun enger Wett anzehalen. D'Sam an de Pit wëllen dem Sophie de Felix ausdreiwen.
12m 54s
Episod 8 - All an der Famill (2. Deel)
D'Elisabeth huet seng Aart a Weis de Ronny mat sengem Alkoholproblem ze hëllefen.
14m 7s
Episod 9 - Jong begéint d’Welt (1. Deel)
De Pit schreift seng Gefiller fir d'Sophie op e Blat... a verléiert et.
11m 37s
Episod 9 - Jong begéint d’Welt (2. Deel)
D'Sophie wëll de Ronny trainéieren an hien zu engem Bühnebéischt maachen. De Saack huet säi Seilerkusser fonnt mä et ass säi beschte Kolleg...
11m 11s
Episod 10 - D'Nounou (1. Deel)
D’Sophie plangt e Concert fir de Ronny. Hie wëll awer professionell Hëllef a kontaktéiert d’Thorunn.
14m 26s
Episod 10 - D'Nounou (2. Deel)
De Pit versicht, wei versprach, d’Sophie ze vergiessen. De Saack fänkt, nieft der Aarbecht, seng Premiere erëm un, mä kritt net alles ënnert en Hutt.
12m 4s
Episod 11 - Familljebanden (1. Deel)
Dem Ronny säin Optrëtt ennt an engem Fiasko. Dem Pit seng nei Frëndin, d’Jenny interesséiert sech opfälleg vill fir de Ronny.
13m 9s
Episod 11 - Familljebanden (2. Deel)
De Ronny mierkt, dass him eppes feelt: seng Duechter. De Saack hëlt eng radikal Entscheedung: hien ass op Léiftentzuch.
11m 39s
Episod 12 - Glécklech Schlusser (1. Deel)
De Pit ass mat de Virbereedunge fir Chrëschtdag amgaang a leeft op Héichtouren. De Ronny ass depriméiert an projezéiert seng Pappegefiller op en Ee.
12m 57s
Episod 12 - Glécklech Schlusser (2. Deel)
D’Sophie sicht weiderhin nom Stella. De Saack wëll déi aner mat senge Cadeauen iwwertreffen.
12m 1s
Episod 13 - D’ganz Nuecht op (1. Deel)
De Pit ass an d'Jenny verléift ouni ze wëssen dass hatt d'Stella ass. D'Sophie wëll de Ronny a seng Duechter erëm zesumme bréngen.
13m 20s
Episod 13 - D’ganz Nuecht op (2. Deel)
De Ronny muss Manéiere léieren. De Saack kritt Tipps iwwer Frae vum David Goldrake.
13m 20s
Episod 14 - Wäiss Schippen (1. Deel)
D'Sophie an de Ronny gi krank. De Ronny muss souguer an d'Spidol. De Saack ass an d'Sophie verléift a weess net wéi hien domat ëmgoe soll.
12m 14s
Episod 14 - Wäiss Schippen (2. Deel)
De Pit an d'Stella sinn endlech zesummen, mä d'Stella huet sengem Jong nach näischt gesot.
11m 23s
Episod 15 - De frësche Prënz vu Bouneweg (1. Deel)
De Ronny soll een neit Lidd schreiwen mä et fält him näischt an. D’Sophie an de Saack hu matenee geschlof.
12m 59s
Episod 15 - De frësche Prënz vu Bouneweg (2. Deel)
De Saack verstoppt sech, well hie kee Geheimnis fir sech behale kann. De Pit soll op de Luc oppassen, obwuel de Klengen hien net leiden kann.
11m 24s
Episod 16 - Kollegen (1. Deel)
De Ronny muss e Videoclip maachen, mä fir den Dréi taucht en ale Lover vum Elisabeth op.
12m 18s
Episod 16 - Kollegen (2. Deel)
D’Sophie an de Saack probéieren hier Gefiller z’ënnerdrécken, mä dat ass net esou einfach. De Pit iwwerstierzt alles mam Stella, verstoppt hien eppes?
10m 43s
Episod 17 - Verréckt no Dir (1. Deel)
De Pit huet sech vum Stella getrennt a wëllt elo d'Sophie zeréckgewannen. De Saack wëll seng Bezéiung mam Sophie weider geheim halen.
12m 57s
Episod 17 - Verréckt no Dir (2. Deel)
Fir d'Hallef-Finale vum SECS z’iwwersprangen, brauch de Ronny 10000 Likes op Facebook. D'Sophie schléit dofir e Skandal fir.
10m 51s
Episod 18 - Ondeklaréiert (1. Deel)
Fir Fuesend huet d'Sophie e Concert fir de Ronny organiséiert mä et geet alles schif. De Ronny gesäit et als Abschiedsconcert, him ass seng Famill méi wichteg.
12m 49s
Episod 18 - Ondeklaréiert (2. Deel)
De Saack wëll dëst Joer de Concours fir déi schéinst Verkleedung gewannen. De Pit wëll onbedingt wësse mat wiem d'Sophie zesummen ass.
10m 26s
Episod 19 - Dat ass Léift (1. Deel)
D'Sophie haasst Feltesdag a well näischt dovunner wëssen. Dat ass Schued fir de Saack, dee sech eng Freed gemeet hat Feltesdag mam Sophie ze feieren.
14m 33s
Episod 19 - Dat ass Léift (2. Deel)
De Pit huet e Plang fir alles erëm gutt ze maachen. De Ronny erhofft sech eng Chance beim Elisabeth.
11m 55s
Episod 20 - D’gëlle Meedercher (1. Deel)
De Pit erwëscht d'Sophie an de Saack zesummen. Fir se auserneen ze bréngen, reagéiert hien onerwaart geloossen.
10m 47s
Episod 20 - D’gëlle Meedercher (2. Deel)
Beim Sophie wuessen déi éischt Zweiwel iwwert seng Koppel. De Ronny muss säi Lidd fir d'Eurovisioun schreiwen mä hien ass aus der Übung.
13m 37s
Episod 21 - Wuessend Péng (1. Deel)
Eng RTL-Ekipp interviewt déi dräi Jonk an de Ronny. Jiddereen huet eppes ze verstoppen, wat d'Aarbecht vun der Interviewerin net vereinfacht.
10m 38s
Episod 21 - Wuessend Péng (2. Deel)
Et ass e gudden Zäitpunkt fir déi dräi, fir sech hir Aventure duerch de Kapp goen ze loossen.
12m 47s
Episod 22 - D’Ronny Riff Show (1. Deel)
D'Sophie wëll onbedéngt, dass d'Hallef-Finale vum SECS gutt leeft, mä de Ronny huet Angscht opzetrieden an d'Stella fir ëmmer verluer ze hunn.
12m 9s
Episod 22 - D’Ronny Riff Show (2. Deel)
De Pit wëll net hëllefen, hien huet es genuch. De Saack gëtt sech bewosst wéi säi Brudder leit a muss eng schwéier Entscheedung huelen.
11m 46s
Episod 23 - Bridderlech Léift (1. Deel)
De Ronny huet opginn a geet net an d'Finale, mä d’Sophie wëll hie mat alle Mëttelen iwwerrieden, opzetrieden.
12m 41s
Episod 23 - Bridderlech Léift (2. Deel)
De Saack wëll sech mam Pit erëm verdroen, mä dee wëll awer seng Chance notzen an d'Sophie erueweren.
9m 43s
Episod 24 - D’Gemeinschaft (1. Deel)
Den Owend nom SECS ginn di dräi Jonk rosen auserneen a kee weess wat geschitt ass.
15m 7s
Episod 24 - D’Gemeinschaft (2. Deel)
Zwee Méint drop kéint de Ronny awer op d'Eurovision goen. Dat ass eng gutt Geleeënheet, fir ze wëssen, wat geschitt ass a fir jiddereen nees zesummenzebréngen.
13m 30s
Outtakes (1. Deel)
Wärend dem Tournage vu Comeback ass net alles ëmmer beim éischten Take no Plang verlaf ...
12m 16s
Outtakes (2. Deel)
Um Set vu Comeback goufen et déi eng oder kleng Pann a witzeg Momenter ...
Home
Shows
Podcasts
Live