RTL: "Parallelgesellschaften" zu Lëtzebuerg

22/02/2017

9 Leit, déi op der Strooss liewen, sinn zejoert hei am Land gestuerwen. Eng 1.000 jonk Mënschen hunn am Schouljoer 14/15 d'Schoul ouni Ofschloss verlooss. Eng 2.000 Mënschen hunn 2016 eng Demande op Asyl gestallt. 17.000 Mënschen hunn den Ament keng Aarbecht hei zu Lëtzebuerg. 4 Zuelen, déi de Chefredakter vun der Tëlee, Guy Weber, zu engem Commentaire iwwer Parallelgesellschaften zu Lëtzebuerg an den Ëmgang domadder inspiréiert hunn.